Luxembourg

Dry Gin

Den Opus Luxembourg Dry Gin entsteet duerch d’Destillatioun vun 8, an eiser Lëtzebuerger Gewan wuessenden an op der Hand recoltéierte Produiten, an mat 18 méi klasseschen Gin Inhaltsstoffer.

Eis Geschicht

Dat ganzt Team vun Opus ass komplett nei an der Welt vun der Destillatioun. Aus enger spontaner Iddi vun 3 gudde Kollegen, déi am Hierscht 2016 an engem Bistro, – wou och anescht, – entstoung, ass eisen Opus Dry Gin an d’Liewen geruff ginn. Mat vill Hëllef vu lokalen Expert’en aus der Industrie, eisen innovativen a kreativen Iddien, sou wéi eisem Enthusiasmus ass et eis gelongen, een onofhängege Produit mat engem eegene Charakter hierzestellen.

D’Zil war einfach: eng Brennerei opmaachen an déi lëtzebuergesch Brennkultur erhalen. Et koum awer ganz anescht wéi geduecht. No intensive Recherchen, – a vill Schmaachen -, hu mer festgestallt, dass et ëm déi lëtzebuergesch Brenner guer net esou schlecht steet, ewéi mir duechten: Lëtzebuerg huet exzellente Branntewäin.
Also hu mer ëmdisponéiert an eis gefrot: wat drénke mir an eis Kollegen gären? Gin! Sou hu mer ugefaange, een Gin auszeschaffen, deen anescht ass, dee sech auszeechent duerch héich qualitativ Inhaltsstoffer, d’Feinofstëmmung vun allen Hierstellungsprozesser a natierlech duerch säi ganz individuellt Geschmaachs- an Gerochsprofil. All Fläsch vum Opus Luxembourg Dry Gin entsteet mat vill Léift an Handaarbecht a gëtt an klenge Quantitéiten distilléiert.

Produktiounsprozess

Mir hunn eis fir eng éischter klassesch Aart a Weis vun der Gin Distillatioun entscheet, well  sech des Method säit Joerzéngte bewäert an ëmmer nach aktuell ass. Och an eise Brennvirgäng huet sech erausgestallt, dass d’Botanicals aus eisem Rezept esou am Beschten zu hirer Entfalung kommen.
Fir eisen Gin ze brennen, brauche mer als éischt e Basisalkohol. Dofir gëtt e rengen Alkohol geholl, deen aus Weess gemaach gëtt a 96% vol meisst. En ass komplett gerochs- a geschmaachsneutral, genau dat wat mir brauche fir während der Destillatioun eis individuell Nouten ze produzéieren.
Dësen Alkohol gëtt iwwer d’Nuecht an d’Tanken agefëllt, an en Deel vun eiser akribesch ofgestëmmte Mëschung un Botanicals gëtt dora mazeréiert. Esou kréien déi eenzel Ueleger, Extrakter a Goûte genuch Zäit fir zur Entfalung ze kommen. Den intensive Goût a kräftege Kierper am Endproduit ass awer och e Resultat vun der iwwerduerchschnëttlech héijer Quantitéit u Botanicals, déi mir am Mazerat verschaffen.
D’Häerz vum Prozess ass d’Distillatioun. D’Mazerat gëtt lues opgehetzt an den éischten Alkoholdamp geet duerch d’Brennkolonn a reagéiert mam Koffer. Dat éischt wat dann aus dem Camille senger Kothe Anlag erauskënnt, ass de Virlaf, dee mer oftrennen an op d’Säit stellen. Duerno kënnt d’Häerzstéck vum Destillat, de ‘Mettellaaf’ lues a lues gelaf. Hei leeë mer besonnesche Wäert dorop, dass lues gebrannt gëtt. Dat dauert zwar méi laang, mee ass och ee kléngen awer wichtegen Detail aus dem Prozess, dee sech herno am Goût, an awer och am Mondgefill vun eisem Gin bemierkbar mécht. Nodeems de ‘Mettellaff’ duerch ass, an d’Aromaen an den Alkohol dem Mazerat entzu sinn, kënnt den ‘Nolaf’. Dee schmaacht net, huet dowéinst och näischt an eisem Gin verluer a gëtt ewechgeschott. D’Quantitéit vun all Brennvirgang ass also op eng kléng Unzuel vu Fläsche limitéiert. Nëmmen esou kënne mir déi héich Qualitéit garantéieren.
Nom Brennen ass den Gin gestresst. E brauch seng Rou. En huet elo duerchschnëttlech 82% vol a kritt vun eis 8 Wochen Zäit, fir all déi verschidden Aromaen zu engem Ganze verschmëlzen ze loossen. Dat eenzegt wat mir virum Afëllen nach maachen ass e lues a lues mat entmilitariséiertem Waasser op Drénkstäerkt (44% vol) erofsetzen.
Dëse Prozess widderhuele mer ëmmer erëm. Mat aller Suergfalt. Batch fir Batch.

Produktbeschreiwung

Den Opus Luxembourg Dry Gin zeechent sech duerch ee komplexen esou wéi ofgerënnte Gerochs- a Geschmaachsprofil aus, deen duerch d’Destillatioun vun 8 an eiser Lëtzebuerger Gewan wuessenden an op der Hand recoltéierte Produiten, zesumme mat 18 méi klasseschen Gin Inhaltsstoffer entsteet. D’Resulat vun dëser Interaktioun ass ee Produit mat Charakter, deen all Gin Frënn eng Freed bereeden soll.

Gerochs- an Geschmaachsnouten

Nues

Am Ufank dominéiert den Wakelter, zesummen mat den Nouten vun verschiddenen Bieren an Bléien. Dono kennt eng Freschheet déi op Zitrusfriichten zréck ze feieren ass. Zum Schluss droen batter an wierzeg Aromaen zur Komplexitéit bäi.

Palate

Komplex, spigelt d’Aromaen aus der Nues zeréck. Den Wakelter den am Ufank dominéiert verzitt sech an den Hannergrond an hannerléisst een breeden, fruchtegen, frëschen Goût mat Nuancen vun Schäerft an enger gewësser Séisst.

Ofgang

Ofgeronnt an harmonesch. Den Hunneg, déi kräfteg Wierz vum Wakelter an Koriander, an dozou Zitrusnoten suergen fir en intensiivt mee agreabelt Gefill wat eng Zäitchen am Mond bleift.

Lokal Botanicals

Mir plécken eis Botanicals op eng nohalteg Aart a Weis an setzen eis fir den Ubau an den Erhalt vun dësen traditionelle Lëtzebuerger Produiten an. D’Flora an d’Fauna spillen an eiser Unternehmensphilosophie eng grouss Roll an mir vergiessen net, dass déi Planzen déi mir plécken och eng Nahrungsquell vu Vigel an och aneren Déiere sinn.

“Mir plecken Aprikosen,
Un ailen Hecken gär;
Wé gët nun awer praffen,
Am Bâmbösch d’Schleiwendär”
– Michel Rodange

Schléiwendar (Prunus spinosa fruct.)

D’Schléiwe fanne mer zu Lëtzebuerg iwwer Bierg an Dall. Laanscht vill Weeër, Bëscher a Wisen ass dës pickeg Heck doheem. D’Friichten sinn däischter blo a schmaachen immens batter, beim drop bäissen, zeien se engem de Mond zesummen. Nom éischte Frascht sinn se eréischt eenegermoossen genéissbar, an dat ass och dee richtegen Ament an deem mir se plécke ginn. Eisem Gin verhëlleft et zu engem staark aromateschen, licht battern Gout den vill zu der Charakteristik bei dreit.

Spackelter (Cynosbati fruct.)

De Spackelter ass d’Fruucht vun der Hondsrous (Rosa canina oder Rosa rubiginosa), eng Heckerous déi am ganze Ländchen doheem ass. D’Fruucht huet an der Vollräift eng kräfteg rout Faarf, ass batterlech-séiss a gëtt, wann iwwerhaapt, verwennt fir Téi, Drëpp oder och Gebeess ze maachen. Och an der Volleksmedezin ass de Spackelter eng geschätzte Planz. An eisem Gin harmonéiert en mat der Séisst vum Hunneg, bréngt awer eng batter Wierz.

Päerdsbier (Rubus sectio rubus, var. fruticosus)

Well Päerdsbierhecke fënnt ee virun allem laanscht Bëscher, awer och nach laanscht Wisen, Weeër, Baachen a Flëss. Déi kleng, meeschtens blo-schwaarz Friichte ginn tëscht August a September no an no zeideg, an entwéckelen eng ganz agreabel Séisst. Eisem Gin bréngen se virun allem e fruuchtegen, breede Geschmaach an eng zousätzlech Dicht.

Schwaarzen Hielenter (Sambucuci ebuli fruct.)

Den Hielenter fënnt ee souwuel am Gehecks oder am Bësch, wéi och uechter d’Dierfer. E ka bis zu engem 8 Meter héije Bam, mat enger wuelgeformtener, ronner Kroun ginn. Nom Kachen oder Vergären fannen déi schwaarz Bieren Verwennung an der Kichen, Planzenheilkunde awer och an der Industrie als Faarfstoff. Den Hielenter verlaangt dem Ganzen seng Schockela- an Röstaromen, déi während dem Dréchnungsprozess entstinn.

Bléie vum schwaarzen Hielenter (Sambuci flor.)

D’Bléie si kleng, gielzeg-wäiss an erschéngen am Juni. Den Doft, dee vun dëse klenge Bléien ausgeet, ass onverwiesselbar frësch a fruuchteg, an dréit zu där erfrëschender Nout vun eisem Gin bäi.

Rousen (Rosae rubrae flor.)

Vun der Rousenheck siche mer eis an der voller Bléi just déi schéinste Blieder fir an eisen Gin aus, nëmmen esou kréie mer den optimale Geroch, dee mer wëllen. Hieft de parfüméierten Aspekt vum Gin nach e bëssen ervir.

Kiefernsprossen (Pinus silvestris turiones)

Vun der Kiefer, op lëtzebuergesch eng fatzeg Dänn, fënnt ee vill verschidden Zorten iwwert Europa an och Lëtzebuerg verdeelt. Si léisst sech erkennen duerch hier roudelzeg Schuel a laang spatz Nolen. D’Sprosse si voll mat äthereschen Ueleger an Haarz, wat dem Gin eng ‘holzeg’, awer och zesumme mat den Zitrus Nouten, ee ‘mediterrane Charakter’ verleet.

Hunneg (mel)

Genau sou wéi am Kreeslaf vun der Natur spillt och fir eis d’Hunnegbei eng ganz wichteg Roll an eiser zirkulärer Unternehmensphilosophie. Den Hunneg, dee vun eisen hauseegene Beievëlker produzéiert gëtt, dréit zu engem ronnen, geschmeidege Mondgefill bäi a ronnt de Goût zu engem Ganzen of.

Wéi genéissen?

Gin & Tonic

Déi puristeschst an wuel och klasseschst Aart an Weis fir den Gin ze genéissen ass en Gin & Tonic. Entwéckelt vu briteschen Offizéieren an Ostindien ëm 1825, déi deemools d’Chinin enthalend Schuel vum ‚Chinarindenbaum‘ (Cinchona pubescens) mat Sodawaasser gemëscht an zesummen mat hirem Gin gedronk hunn. Den éischten Gin & Tonic war gebuer.

Wat brauch een:
  • 40 ml Opus Luxembourg Dry Gin
  • Fever Tree Mediterranean Tonic
  • Äis
  • Puer gedréchent Wakelterkäeren
Wéi mëscht een et:
  1. 3-4 Cuben Äis an een Tumbler oder een Highball Glas fëllen
  2. 40 ml Opus Dry Gin draschëdden
  3. Opfëlle mat Tonic
  4. Mat bësse Wakelter dekoréieren

OPUS Dry Gin

Opus Luxembourg Dry Gin, Pur fir de Connaisseur. Klassesch, einfach ze presentéieren, awer komplex am Goût

Wat brauch een:
  • Nosing oder Grappa Glas (oder een anert, schmuelt Glas mat dënner Wand)
  • 40ml Opus Luxembourg Dry Gin (op Zëmmertemperatur)
Wéi mëscht een et:
  • Gin erausschëdden, Glas an d’Luucht hale fir d’Konsistenz ze beuerteelen a kucken, ob en ‘kräischt’
  • Iwwert dem Glas richen (net am Glas) a sech e Gesamtbild an der Nues maachen. Dono probéieren déi verschidde Botanicals erauszerichen
  • Schmaachen. Fir den éischten Androck sollt de Fokus op der Zong leien. Wéi eng Noute kommen eraus? Wakelter? Koriander? Zitrus?
  • Weider schmaachen. No e puer Sekonnen kënnt deen zweeten Androck hannen am Gomm, wou sech no an no ëmmer méi verschidden Aromaen entfalen
  • Eng kléng Opléisung fannt der hei

Bramble

Den Alleskönner. Een frëschen friischteche Cocktail fir all Occasioun.

Wat brauch een:
  • 60ml Opus Luxembourg Dry Gin
  • 10 frësch Päerdsbier
  • 10ml Zockersirop
  • 20ml Limettenjus
  • 40ml Fever Tree Sicilian Lemon
  • Crushed Ice
Wéi mëscht een et:
  1. Tumbler oder Highball Glas mat Päerdsbier, Zocker an Gin opfëllen
  2. Alles zerdrécken a mat crushed ice opfëllen
  3. Gutt ëmréieren a Lemon Tonic dobäischëdden
  4. Mat enger Päerdsbier garnéieren an zervéieren

IPA Hunneg Gin

Dat Battert vun engem Indian Pale Ale an d’Séisst vum Hunneg harmonéieren optimal. De mediterranen an frësche Goût vum Basilikum an d’Sprëtzegkeet vum Limettenjus suergen dofir, dass den Gin gutt zur Geltung kënnt. D’Resultat ass ee Cocktail mat vill Substanz, passend zu all Joereszäit, deem seng Noute vu séiss iwwer würzeg bis hin zu licht batter reechen.

Wat brauch een:
  • Opus Luxembourg Dry Gin
  • 1 Fläsch IPA
  • Limettenjus
  • Puer Stengelen Basilikum
  • Lokalen Hunneg
  • Äiswürfelen
Wéi mëscht een et:
  1. Hunneg zesummen mam Basilikum zerstampfen
  2. Limettenjus an Eewäiss drop
  3. ca. 10-15 Sekonnen shaken fier dass alles gudd vermecht ass
  4. Äis derbäi fier ze killen
  5. Firum zerveieren den Beier derbäischedden, fier dass eng schein Schaumkroun entsteet

Iwwert eis

Michel
Als geléierte Organisations- an Personalentwéckler läit et an senger Natur, all Produktiounsoflaf akribesch ze plangen an all Mënsch wëllen matt ob den Wee ze huelen. Suergt duerch säi chronescht ‘ze spéit kommen’ fir d’Opfëlle vun der Mannschaftskees.
Fränk
Diploméierten Entrepreneur a Créateur vun allen Inhalter déi Opus online an offline publizéiert. De Mann deen hannert de kreativen an och manner kreativen Iddie steet. Kuckt dass um Enn vum Mount d’Rechnungen bezuelt sinn. Weilt am leiwsten emmer daat lescht Wuert hun.
Jim
Eisen Sommelier brengt et heinsdo fäerdeg fum Wesentlechen oofzelenken andeems hen emmer rem eng Fläsch Wain aus sengem Keller krempelt. Hien rekrutéiert nei Opus Enthusiasten a freet sech iech op engen vu eisen Degustatiounen ze invitéieren. Vue dass hie geléierte Gastronom ass, mécht en dat net alt ze schlecht.

OPUS Luxembourg Dry Gin

36,90 €

70 cl

44%

Wou genéissen?

Kontakt

Numm (obligatoresch)

Email (obligatoresch)

Noriicht (obligatoresch)